Actualité

Éierung vu verdingschtvolle Mataarbechter am SICA

Viru kuerzem hat de Bureau vum SICA seng Mataarbechter, Komiteesmemberen, Pensionären a Buergermeeschteren vun de Membergemengen op eng kleng Feierstonn invitéiert.

No der Begréissung duerch de Stengeforter Buergermeeschter Jean-Marie Wirth, dee luewend Wieder un d’Mataarbechter vum SICA geriicht huet, war et um President Marcel Schmit, fir ee Réckbléck op d’Joer 2016 ze maachen.

Ëmmer méi Awunner an de SICA-Gemengen heescht ëmmer méi grouss Quantitéiten Offäll a Wäertstoffer, déi bei den Haus-zu-Haussammlungen oder am Recyclingspark ufalen.

Am Laf vum Joer 2016 huet de Bureau een Aktiounsplang virgestallt, fir d’Reschtmüll ënnert 100 Kilo pro Awunner pro Joer ze drécken a gläichzäiteg d’Recyclingsquoten weider ze steigeren.

Dësen Aktiounsplang ass verbonnen mat verschiddenen Neierungen: zanter Enn 2016 huet de SICA eng eegen App (SICA Kehlen) di all Intresséierten gratis kann op säin Handy lueden. Dann ass de SICA och elo aktiv ginn mat enger Säit um Facebook. Spezifesch Kuerzfilmer gi realiséiert an iwwert den DOK ausgestrahlt. Themenorientéiert Flyeren ginn de Matbierger verdeelt fir weider ze sensibiliséieren.

Och ass d’Thema vun der Fusioun vun enger Membergemeng mat enger Net-Membergemeng ugeschwat ginn. De Bureau, esou de President Marcel Schmit, hält sech prett fir op all Eventualitéit gerëscht ze sinn.

No den traditionellen Mercien un d’Memberen vum Komite, den politeschen Verantwortlechen vun de Membergemengen, de Responsabelen vun der Ëmweltverwaltung, der Valorlux, der Ecotrel an der Superdreckskëscht an natierlech de Mataarbechterinnen a Mataarbechter vum SICA selwer, koum et zu 3 Éierungen: fir 20 Joer Déngscht gouf de Syndikatssekretär Joël Adam geéiert, den Aloyse Paulus fir nobäi 17 Joer am Komite, an de Benno Janse, dee vum 1. Januar 2017 un seng wuelverdéngten Pensioun genéisst.